A+
A
A-

Streetsport, Mdj Leudelange et Bonnevoie – Projet Montenegro

08-03-2024

Dëse Freiden hun d’Jugendlecher vun 3 Servicer, Service Streetsport, Jugendhaiser Leideleng  a Bouneweg, eng Versammlung gemaach fir hire  Projet Montenegro.

Et geet drëms fir e soziale Projet am Balkan ze organiséieren, wou déi Jugendlech  verschidden Theme bezéiungsweis Problematiken diskutéiert hunn. Et gouf festgehalen, dat eng Struktur fir Kanner a Jugendlech mat spezifesche Besoinen a Montenegro ënnerstëtzt soll ginn. Bei der nächster Jugendversammlung gëtt dann dru geschafft, wéi konkret dëst Ënnerstëtzung soll ausgesinn.