Dëse Freiden hun d’Jugendlecher vun 3 Servicer, Service Streetsport, Jugendhaiser Leideleng a Bouneweg, eng Versammlung gemaach fir hire Projet Montenegro.
Et geet drëms fir e soziale Projet am Balkan ze organiséieren, wou déi Jugendlech verschidden Theme bezéiungsweis Problematiken diskutéiert hunn. Et gouf festgehalen, dat eng Struktur fir Kanner a Jugendlech mat spezifesche Besoinen a Montenegro ënnerstëtzt soll ginn. Bei der nächster Jugendversammlung gëtt dann dru geschafft, wéi konkret dëst Ënnerstëtzung soll ausgesinn.