A+
A
A-

Jugendhaiser Inter-Actions – Temoignage, Projet Auschwitz

17-05-2023

Am Kader vum gemeinsame Projet “Auschwitz” vun de Jugendhaiser vun Inter-Actions, huet Här Gerd Klestadt een Temoignage am Jugendhaus Bouneweg iwwert seng Erfarungen am Nazi-Konzentratiounslager zu Bergen-Belsen gehalen. Eng 40 – 50 Leit, Jugendlecher, Elteren a Leit aus dem Quartier, ware bei dem Owend dobäi. Dëst Sensibilisatiouns-Campagne war déi éischt Phase vum Projet. Weider Aktiounen sinn geplannt, ënnert anerem d’Visite vum Konzentratiounslager Auschwitz am September.