A+
A
A-

Escher Kannervilla – Zu Duelem beim Jengi

18-04-2022

Pendant les vacances de Pâques, le groupe scolaire est allé rendre visite à “Jengi”, le grand-père de notre éducatrice Annemarie.

Par Annemarie:

An der Vakanz si mer op Duelem bei meng Famill gefuer. Mir si bei meng Eltere gefuer an d’ Kanner hu gesinn, wou ech grouss gi sinn, mir ware meng Kannerkummer kucken an si hunn am Gaart gespillt. Duerno si mer iwwert de Bongert bei mäi Bop, de Jengi gaangen, dee fréier e Bauerebetrib hat. Mir sinn duerch de Stall gaangen, hu gekuckt wou d’Bottë fir d’Déiere leien, d’Kanner konnten sech all hannert d’Steier vum Trakter sëtzen a mir sinn a natierlech och emol an de sténkegen Héngerjuk gaang. Do baussen op der Wiss, huet meng Tatta de Kanner d’Päerd gewissen, hinnen erkläert wéi e mat engem Päerd ëmgoe muss an op wat een oppasse muss. Si konnten lues a lues ëmmer méi no goen an se heemelen. Déi Kanner déi wollten konnten sech op d’Päerd setzen an zum Schluss et nach kämmen.
D’Kanner ware begeeschtert, nach ni haten si een Trakter gesinn a schon guernet sutzen si an engem respektiv op engem Päerd. Et war e richteg gelongene Mëtteg an d’ Kanner waren iwwerglécklech.