A+
A
A-

Zesummenaarbecht mat der Crèche Piwitsch

18-05-2026

Eng gutt Zesummenaarbecht tëscht der Crèche, Maison Relais an Schoul ass e wichtege Bestanddeel vun eiser pädagogescher Aarbecht.

Dofir organiséiere mir reegelméisseg Treffen, bei deene mir eis bewosst Zäit huelen, fir d’Kanner aus der Crèche kennenzeléieren, déi am September an eist Haus vun de Kanner kommen. Eist Zil ass et, de Kanner en gudden Iwwergang vun der Crèche an d’Maison Relais ze erméiglechen.

D’Kanner kommen moies an d’Schoul op Besuch an hunn och d’Méiglechkeet, nomëttes d’Maison Relais kennenzeléieren. Hei kréien si d’Méiglechkeet, d’Raimlechkeeten ze entdecken, d’Ekipp kennenzeléieren an éischt Andréck ze sammelen. Dëst hëlleft hinnen, sech méi séier sécher a wuel ze fillen.

Gläichzäiteg fënnt e reegelméissegen Austausch tëscht de Begleeder vun der Crèche an dem Haus vun de Kanner statt. Dobäi ginn Informatiounen iwwer d’Kanner weiderginn, fir besser op hir individuell Besoinen a Gewunnechten anzegoen.

Dës enk Zesummenaarbecht dréit dozou bäi, datt d’Kanner sech séier an hirem neien Alldag wuel a sécher fillen.