A+
A
A-

Wat gesinn mer do?

20-01-2025

Am Firfeld hun mer kleng Gliesecher kaaf, dei mer gefellt hun mat verschiden Materialien, Faarwen an Waasser, Pech oder Uelleg. Mer hun versicht verschiden Glieser hierzestellen, dei beim Reselen sech veränneren. Zum Beispill mat Faarw, Waasser an Uellech, wou beim Reselen dann den Uellech mat der Faarw sech vermescht an am Wasser schwemmt.

En aanert Glas ass eent mat Perlen, Waasser an Pech dran, Perlen dei schwammen dann an der Mett vum Glas iert se irgendwann erem erof gin. Am ganzen hun mer 6 Glieser hiergestallt. Nom befellen hun mer se mat der Pechpistoul zou gepescht, domat Kanner se net opkreien kennen.

D’Glieser stellen mer den Kanner am Gruppesall op Matratz an losen sie einfach mol erkunden wat dat ass.

Sie dierfen se aus Secherheetsgrenn nemen benotzen wann mer niewendrun sin falls eent awer sollt opfueren.

D’Kanner kennen dann entdecken wat am Glas geschidt, wat kennen sie gesin.