A+
A
A-

Jugendhaus Bouneweg – Vakanzekolonie Kreta

14-09-2022

Wonschziel vum Vakanzeprojet war dëst Joer Kreta a Griicheland. Sou haten déi Jonk d’Chance zwéscht dem 07.09-14.09 Zäit déi vill verschidde Gesiichter vun der Insel ze entdecken, oft zu Fouss mee awer och mam Bus a souguer mam Schëff. Dei Jonk hu geleiert wat et heescht iwwert länger Zäit als kleng Gemeinschaft zesummen ze liewen, en Haushalt ze feieren, sech iwwert hier Wënsch a Bedierfnisser auszetauschen, perséinlech Grenze matzedeelen an op wat et ukënnt wann ee selwer Aktivitéiten organiséiert. Mir soen der Insel an hire Bewunner Merci fir dës ganz intensiv a léierräich Zäit.