Fir de Start am Haus vun de Kanner, wou Schoul a SEA enk zesummeschaffen, hu mir am Juni e gemittlecht Picknick fir déi nei Kanner an hir Elteren organiséiert, déi am September bei eis ufänken. Dëst Joer war och d’Begleeder vun der Schoul dobäi, well d’Elteren eis de Feedback ginn haten, datt et flott wier, si schonn am Virfeld kennenzeléieren.
D’Kanner haten am Viraus schonn d’Méiglechkeet, eis Struktur kennenzeléieren. Si sinn zesumme mat der Crèche Piwitsch vu Sandweiler bei eis op Besuch komm a konnten eis Raimlechkeeten entdecken, déi éischt Kontakter mat eisem Team knäppen a sech mat hirer neier Ëmgéigend vertraut maachen.
De Picknick war eng flott Geleeënheet, fir och d’Elteren an engem gemittleche Kader kennenzeléieren. Si konnten eis Froe stellen, sech mat eis austauschen an aner Famillje begéinen. Esou gëtt de Start an der Schoul an am SEA fir d’Kanner an hir Elteren méi einfach a méi entspaant.
Wéinst den héijen Temperaturen de 25. Juni 2026 hu mir de Picknick dës Kéier dobannen organiséiert. An de verschiddenen Ateliere goufen interessant Spiller an Aktivitéiten ugebueden, déi fir eng flott a frëndlech Atmosphär gesuergt hunn.
Bei engem Picknick dierf dat gutt Iessen natierlech net feelen. An eisem Restaurant hu mir eng Auswiel u leckere Saachen ugebueden, dorënner Kuch, Muffins, Glace an Uebst. Fir eng kleng Ofkillung hu mir och verschidde gesond, zockerfräi Ice-Tea-Zorte zerwéiert. Dobäi konnten d’Familljen sech an enger entspaanter Atmosphär kenneléieren an sech ënnerenee gutt austauschen.
Dësen Dag war eng flott an erfollegräich Geleeënheet, fir d’Kanner, hir Elteren an d’Teame vum SEA an der Schoul am Haus vun de Kanner zesummenzebréngen. Esou konnten déi éischt Kontakter geknäppt an e vertrauensvolle Start an dat neit Schouljoer virbereet ginn.