D’Maison Relaisen an d’Gemeng Sandweiler hunn dëst Joer fir all Kanner tëscht 3 a 12 Joer flott Summeraktivitéiten ugebueden. D’Aktivitéite sinn vum 15. bis den 25. Juli gelaf a goufen zesumme vum Haus vun de Kanner an der Maison Relais Um Wéier organiséiert.
Thema: D’4 Elementer
Dëst Joer stoung alles ënner dem Motto Feier, Waasser, Loft a Buedem. D’Kanner konnten un enger grousser Villfalt vun Aktivitéiten deelhuelen, dorënner:
Natierlech dierfen och Ausflich net feelen. Zesumme si mir:
Ausserdeem krute mir Besuch vun de Pompjeeë vu Sandweiler, déi de Kanner vun hirem Alldag erzielt hunn.
Zum Schluss hunn d’Maison Relaisen zesumme fir d’Kanner, d’Elteren an d’Personal e grousst Ofschlossfest organiséiert. Do war fir jiddereen eppes dobäi:
De Buffet war natierlech och en Highlight: D’Kichepersonal huet lecker Fingerfood preparéiert, an d’Kanner aus dem C4 hu selwer frësch Uebstcocktailer gemëscht.
Et war en flotten an schéinen Ofschloss vun den Spillnomëtteger fir Kanner , d’Elteren an d’Personal.