A+
A
A-

Maison des jeunes Neudorf – Sonndes-Brunch

07-06-2018

Keep Calm and Sunday Brunch

Fir d’Zweet an dësem Joer huet d’Jugendhaus Neiduerf e Sonndes-Brunch organiséiert. Eng gutt doze Jugendlecher hunn um Brunch deelgeholl wou et net nëmme leckert Iesse gouf mee och ee Moment war fir zesummen d’Zukunft vum Jugendhaus ze gestalten. Sou konnten si hier Wënsch ausdrécken an zesummen decidéiere watfireng Aktivitéite wäerte gemaach ginn. Am Uschloss koum d’Isabel Pitz vun der Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) e Workshop iwwert de Klimawandel halen, en Thema wat nodeems mir um leschte Brunch iwwert de Plastik geschwat hate vun deene Jonke gefrot gi war.