A+
A
A-

Solidarechen Daag

08-01-2026

 

Am Kader vum Solidarechen Dag (23.11.2025) an der Gemeng Sandweiler hu verschidde Organisatiounen, déi am soziale Beräich täteg sinn, sech virgestallt. Si stoungen de Visiteuren zur Verfügung, fir Informatiounen ze ginn an op Froen ze äntweren. Dësen Dag hat als Zil, de soziale Engagement an de Zesummenhalt an der Gemeng ze stäerken. 

Ënnert de vertruedene Strukture waren ënner anerem d’Maison Relais Haus vun de Kanner Inter-actions asbl. Och mir waren mat engem eegene Stand dobäi. Bei eis konnten d’Kanner, Jugendlecher an Erwuesener un verschiddene flotte Aktivitéite matmaachen. 

Si haten d’Méiglechkeet, Rucksäck mat verschiddene Faarwen selwer unzemolen. Zousätzlech hu mir en Atelier ugebueden, wou si Tattooen opgepecht kruten . Eng weider beléift Aktivitéit war d’Bastelen vun engem Anti-Stress-Ball, wou se selwer hierstelle konnten. 

De Solidarechen Dag war e grousse Succès a gouf vu ville Leit besicht. Hien huet gewisen, wéi wichteg sozial Initiativen an d’Zesummenaarbecht as.