A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – S’il te plaît

15-11-2018

Den trageschen Verloscht vun engem Jugendlechen vun Sandweiler am Joer 2017 duerch en Verkéiersaccident, huet den Kënschtler Forsan (Xavier Van Damme), deen en Jugendlechen aus dem Jugendhaus ass, dozou geleet d’Lidd „S’il te plaît“ ze schreiwen. Jugendhaus, den Xavier an déi Jonk wollten dëst net just beim Lidd beloossen an hunn an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Sandweiler an dem Centre d’incendie vun Sandweiler den Video Clip zum Lidd gedréint. Dëst huet am November 2018 um Kapellenbierg statt fonnt. Bei Reen an vill Wand, hunn eis Jonker an Memberen vum Centre d’incendie, den Text vum Lidd an en Video ëmgesat.

Nieft der Kompetenzenentwécklung vun eisen Jugendlechen an den Beräicher vun der Kreativitéit, Eegeninitiativ, Zesummenaarbecht, Kommunikatioun, Toleranzgrenz an Zäitmanagement stoung den wichtegen Message vun der Sensibiliséierung zu den Geforen vun Alkohol- an Drogekonsum hannert dem Stéier. Eis Jugendlecher wëllen mat dësem Clip hier Kollegen, Familljememberen an och déi aner Matbierger vun Lëtzebuerg op en onverantwortungsvollt fueren opmierksam maachen. Duerch hier perséinlech Erfarung, léif Léit duerch en Verkéiersaccident verluer ze hunn, ass et hinnen wichteg dass Matmënschen Responsabilitéit am Verkéier iwwerhuelen, fir sech selwer an och fir déi aner Léit an un Folgen vum onverantwortlechen Fueren denken.

« Fais ce que tu veux gars, mais penses-y deux fois ! Chaque instant que tu vis ne se reproduira pas. Ce ne sera jamais pareil, comme pour une première fois. » (Textzeilen aus „S’il te plaît“ vum Forsan feat. Julie)

Den Clip ass ganz gutt ukomm, datt en bannent 24 Stonnen, wou en online war, 1000 likes erreecht hat. D’Erfolleggeschicht vum Clip geet nach wieder. Tageblatt ass op den Clip opmierksam ginn an nom Telefonat mat der Journalistin ass et séier zum Interview komm. Den Forsan an Juli waren immens begeeschtert dovunner. Si haten ni geduecht, dass den Videoclip esou gutt ukënnt, an sinn frou datt en groussen Spektrum vun Léit erreecht ginn. Weiderfeierend hat Jugendhaus mam Forsan nach en Interview um Radio Graffiti ginn, den Jugendsender vum Radio ARA, wou den Projet virgestallt an Aarbecht am Jugendhaus den Nolauschterer méi no bruecht ginn.

ass.