A+
A
A-

Crèche Babasi – Schaffpäerd

18-06-2024

Dësen Dënschdeg haten d’Kanner an der Gesellschaft vun hiren Educateuren a begleet vu Bësch – a Paërdsfachleit d’Chance en neit Erliefnes z’endecken.
Si konnten an engem Bësch nieft der Crèche e Schaffpäerd bei der Aarbecht nokukken.
D’Ëmfeld, d’Begleedung, Geräischer, d’Gerécher, D’Taktile Sensatiounen… All Kounditioune waren erfëllt fir datt d’Wonner optimal ass.

E grousse Merci un de Fieschter souwéi der Equipe vun der Robbesscheier, ouni déi dës Aktivitéit net stattfonnt hätt.
Merci och fir déi Kaddoe, déi d’Kanner kritt hunn, wéi d’Hufeisen, d’Holzstécker, déi hinnen op nei Gedanken féieren.