A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Picknick Party

17-05-2019

Dëst Joer huet fir d’éischte Kéier Sandweiler Picknick Party den 17. Mee statt fonnt. Organiséiert war dësen Owend vun der Gemeng Sandweiler, der Intergenerationeller Kommissioun, der Integratiouns Kommissioun an vum Jugendhaus. D’Léit waren agelueden, hiren Picknick Kuerf ze gepaaken, an mat Frënn an Famill op den Parking vum Centre Culturel ze komm. Do stoung fir si Griller, Dëscher, an Softdrinks prett. Fir musikalesch Animatioun huet den Forsan (Rapper), deen en Jugendlechen aus dem Jugendhaus ass, an seng Kollegen gesuergt, mam Duo Lisa an Gino zesummen. Den Owend stoung ënnert dem Motto vum Zesummeliewen an der Gemeng, Spaass hunn an néi Léit kennen léieren. 😊 Ët war een gelongenen Owend, mat villen Besicher.

Eis Jugendlecher hunn den Owend mat geplangt an organiséiert. Den Owend selwer hunn sie gehollëf op an ofzeriichten an ze botzen. Dofir, en groussen Merci un si.