Den 5. Abrëll huet eisen Service, Ensemble Al Esch Brill Grenz, op déi 3ten Editioun vum Projet « Cuisinons ensemble « invitéiert. Mat eiser « Chef de cuisine » Eulalia, sinn mir akafen gaangen an hunn an der Kichen vum Biergerhaus zesummen mat den Awunner aus den Quartieren geschnëppelt an gekacht.
Dës Kéier huet déi kulinaresch Rees eis op den Cap vert gefouert, wou d’ Eulalia eis en wonnerbaren Bacalhau no forno gezaubert huet.
Ënnert dem Motto « QUIZ(INONS) ensemble », huet et sech gutt schmaache gelooss. Jiddereen krut en Autocollant op d Stir mat engem Déier drop, an et huet een dëst missen roden. Doduerch ass eng lëschteg Ambiance entstanen an den leeschten huet missen spullen… Sorry un den Dinosaurier.
Mir freeën eist op déi nächsten Editioun, déi den 10.Mee 2017 wäert stattfannen.