De Projet Marokko ass eng gemeinsam Zesummenaarbecht tëschent véier Jugendhaiser: Leideleng, Neiduerf, Gaasperech a Bouneweg.
Als éischt Etapp hunn sech Jugendlecher vun de véier Jugendhaiser zu Bouneweg getraff a si gemeinsam laanscht Uelzecht trëppele gaang. Do ass et dreems gaang fir sech géigesäiteg kennen ze léieren. No der Randonnée hunn si alleguer zesumme giess an den Trip, wou si am Abrëll an der Wüst zesumme maachen, nach am Detail geplangt a zousätzlech Iddien ausgeschafft.