A+
A
A-

Jugendhaus Sandweiler – Pouring

15-04-2022

Pouring ass eng Moltechnik, déi mat Acrylfaarf, Silikon an Hëtzt zur stan kënnt.

Eis Jonker haten Geleeënheet sech déi Technik an engem kreativen Atelier bei eis am Jugendhaus unzeegenen. Den Marcel huet hinnen déi Technik méi no bruecht an den Jonker all eenzel Schrëtt genau erkläert. Der Kreativitéit waren keng Grenzen gesat. Esou sinn an en puer Stonnen wonnerbar Biller entstanen, déi eis Jonker natierlech och dono konnten mat Heem huelen. Eis Jonker waren mat vill Freed an Begeeschterung derbäi an konnten sech kreativ ausliewen.