A+
A
A-

Haus vun de Kanner Sandweiler – Portfoliomoien

21-04-2026

Abléck an d pädagogesch Aarbecht am Haus vun de Kanner. Heibäi kann ee beobachte wei begeeschtert d Kanner hiren Elteren alles weisen an erkläre wëllen.  D’Elteren hunn Zäit vir mat hire Kanner de Portfolio ze kucken. Well dat awer meeschtens net duer geet, kréien si d Méiglechkeet de Portfolio mat Heem ze huelen. Dat gëtt hinnen dann och d Méiglechkeet de Portfolio hire Grousselteren oder anere Familljememberen ze weisen.  E Portfolio an der Maison Relais an an der Schoul ass eng Sammlung vu Fotoen, Aarbechten a Beschreiwungen, déi d’Entwécklung an d Fäegkeete vum Kand weisen.  D’Léierpersonal huet mat de Kanner ausserdeem eppes gebastelt wat d’Kanner mat Heem dierfen huelen.  Dës Veranstaltung fënnt an Zesummenaarbecht vun der Maison Relais an der Schoul statt.  Niewent dem Portfolio, dee vum Léierpersonal an dem Personal vun der Maison Relais zesummegestallt gëtt, ënnerschreiwen d’Elteren och nach de Bilan.