A+
A
A-

Maison des jeunes In Move – Pirates of the Wadden Sea

29-07-2016

Vum 24. bis de 29. Juli si mir Jonker aus dem Jugendhaus In Move vu Neiduerf an Holland gefuer op e Segelabenteuer am Wattemier an am Isselmier. Vun Harlingen aus hu mir déi éischte Kéier zesummen d’Segele gehéisst a geléiert wéi een déi richteg Kniet mécht, während déi éischt zwee vun eis schonn am Kichendéngscht matgehollef hunn. Mir hunn am Isselmier geankert fir e puer Tier ronderëm eist Schëff ze schwammen ier mir op Stavoren weidergesegelt sinn an e wonnerschéine Verdauungsspadséiergang ënnerholl hunn. Deen aneren Dag si mir a Richtung Damm gesegelt wou mir Owes e gigantescht Lagerfeier gemaach hunn an deem mir Stackbrout a Marshmallows gebak hunn. Den drëtten Dag hu mir eis dann op de Wee gemaach fir op Texel, eng vun den Inselen am Wattemier. Do hate mir d’Méiglechkeet am Kaap Skil Museum ze gesinn wéi d’Leit an Holland fréier an hire winzegen Haisercher gelieft hu, wouvunner se gelieft hunn a wat ee Strandgutsammler alles am Mier fënnt. Dëst geet vu Béchse,  Fläsche, Spillsaachen bis zu ganzer Autoen déi vun engem Frachtschëff erofgefall waren. Deen Owend hu mir versicht ons wéi richteg Piraten ze fillen an hunn a Gruppen eis eege Geschicht erfonnt déi mir dann als Theaterstéck deenen anere virgedroen hunn. De leschten Dag hu mir e klengen Tripp doruechter d’ganz Insel gemaach. Vun Oudeschild aus op De Koog an den « Ecomare », wou mir Séihënn, Robbe, Schweinswaler a Villercher aus der Géigend konnte kucken. Duerno si mir op De Cocksdorp gefuer fir de Liichttuerm ze besichtegen dee scho säit 1863 steet. Dëst war fir eis déi éischte Kéier wou mir bis op d’Spëtzt vun engem Liichttuerm duerften eropgoen. No engem gudden Erfrëschungsbad  hu mir zu Den Burg, déi eelste Stad op Texel, e klenge Spadséiergang gemaach wou mir konnten e puer Souvenire kafen. Zum Ofschloss hu mir um Schëff gegrillt an duerfte mat Hëllef vun de Reschter an enger Ficelle Kriibse fëschen déi sech am Hafe festkropen an op Fudder waarden. Schwéieren Häerzens si mir deen anere Muere nees op den Harlinger Hafe gesegelt wou de Bus schonn op eis gewaart huet. Mir hunn eis all esou gutt verdroen dass mir am Léifste nach op e puer Deeg Abenteuer mi laang op eisem Schëff bliwwe wären.

IMG_2815 IMG_2732 IMG_2667 IMG_2599 IMG_2509 IMG_2574 IMG_2491 IMG_2513 IMG_2522 IMG_2483 IMG_2479 IMG_2544 IMG_2487