A+
A
A-

Maison des jeunes River – Ouverture Park Mansfeld

11-07-2017

Den 11 Juli 2017 war et esou wäit !

No dräi Méint wou déi Jonk aus dem Jugendhaus River sech u Workshops mat Awunner, Gemeng Lëtzebuerg , Architekten an Archeologe bedeelegt hun,  gouf dësen Denschten, den 11 Juli 2017,   e Quartiersfest gefeiert. Dëse gouf organiséiert vun der Gemeng Lëtzebuerg, fir de Park Mansfeld anzeweien.

Zu dësem Fest hun iwwert 50 Jonker aus dem Jugendhaus bäigedroen ( Opriichten, Konstruktioun vun zwee Holze Spiller, Konstruktioun vun zwee Holze Ligestill, Optrëtt vun dräi Danzgruppen, …)

Mat groussem Stolz an och zidderege Been, hun déi Jonk eng Ried virun de Stater Schäffen an der Mme Lydie Polfer (Buergermeeschter VDL ) gehalen.

Doranner hunn si der Mme Polfer an der Gemeng Lëtzebuerg Merci gesot fir de flotte Park, hun erzielt wat si dozou bäigedroen hun an ewéi frou si ware gehéiert ze ginn. Wichteg fir déi Jonk war et ze betounen, ewéi frou si wäre wann si eng Platz an dësem Park kéinte kréie fir Fussball ze spillen.

D’Fest huet sech bis no 21 Auer Owes gezunn an den Ofschloss huet eise jonken Dj Philippe aus dem Jugendhaus gemaach.

Mir soen e grousse Merci un all déi Léit ob jonk oder al,  déi dëst erméiglecht hunn.

Merci un d’Gemeng Lëtzebuerg och fir déi flott Fotoen.