A+
A
A-

Jugendhaus Gaasperech – Orientaleschen Danz

20-09-2019

Freiden den 20ten September stoung am Jugendhaus zu Gaasperech d’Danzen ganz fir.

An engem Workshop konnten eng 10 Jonker hier Energie eraus loossen an bei animéierter Musek danzen. D’Amélie, eng Jonk Dänzerin, wat scho vun klengem un danzt, huet zesummen mat den Jonken eng Choreographie astudéiert.

Och konnt d’Amélie hinnen den orientaleschen Danz mäin no bréngen an huet dem Ganzen dobäi en modernen Touch ginn. Den Jugendlecher huet den Workshop esou gutt gefall, dat elo all Freides am Jugendhaus gedanzt gëtt.

 

Wanns du och Virwëtzeg bass an méi zum orientaleschen Danz wëssen wëlls, dann komm laanscht an informéier dech. Villäicht bass och du déi nächsten kéier beim Workshop mat dobäi.