A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Open-Air Summerbreak Concert

10-08-2019

Jugendhaus Sandweiler huet dëst Joer fir déi 1. Kéier den Summerbreak organiséiert. En Nomëtteg deen ganz ënnert dem Motto vun Musek, Spaass an Freed stoung. Vill Jonk Artisten vum Jugendhaus konnten hiert Talent op der Bühn ënnert Beweis stellen. Nieft dem Forsan, stoungen Mafalda, Jast, Yadson, Mellow, Evone, Dame LX an den YSBT op der Bühn. Den DJ Venomic huet zwechent den Artisten fir gutt Stëmmung gesuergt. Jugendlecher vum Jugendhaus hunn selwer sech em den ganzen Line-up an Organisatioun op der bühn gekëmmert. Jugendhaus selwer huet en Graffiti Atelier ugebueden fir grouss an kleng, wou Besicher sech konnten hiert eegen Blummendëppen sprayen an gestalten an dono mat Kraider opfëllen. Pizzaguy huet dofir gesuergt, datt keen huet missten Honger leiden. Wieder huet och matgespillt, soudatt dësen Mëtteg een gelongen an flotten Event konnt ginn.

En groussen Merci un all eis jonk Artisten. 😊