A+
A
A-

Maison des jeunes Sandweiler – Nuit du sport

08-06-2019

Fir déi zweet Kéier huet Jugendhaus vun Sandweiler „Nuit du Sport“ mat der Intergenerationeller Kommissioun organiséiert. Awunner vun Sandweiler an aus den Gemengen Contern, Niederanven an Schëtter haten Méiglechkeet verschidden Sportaarten auszetesten. Mat der Hëllef vun den eenzelen Sportsveräiner aus der Gemeng konnt dësen Dag zu engem Erliefnis ginn. Nieft Dëschtennis an Badminton, hat LASEP vun Sandweiler en flotten Parkour fir Grouss an Kleng opgeriicht. Den Fussball huet eis een Terrain zur Verfügung gestallt wou eisen Special, den Bubblefoot statt fonnt huet. Natierlech duerft och dëst Joer den Zuma an Capoeira net feelen. Den Squash an den Tennis vun Sandweiler hunn Trainer zur Verfügung gestallt wou Léit déi Sportaarten testen konnten. D’Wieder huet eis wollten een Stréch duerch Rechnung maachen, mee dat huet d’Awunner net drun gehënnert ze kommen. Dëst Joer konnten mir 140 Participanten zielen. Musikalesch ënnerstetzung gouff ët vun DJ Bogota, dem Forsan an dem Ledé Milestone. Et war een flotten an gelongen Dag ganz am Thema vun Sport, Beweegung, Spaass an Zesummeliewen.

Mir soen all den Veräiner een groussen MERCI datt si eis dobäi ënnerstëtzt hunn.