A+
A
A-

My Urban Piano – Jugendhaus Bouneweg

03-05-2024

My Urban Piano ass e Projet vun der Stad Lëtzebuerg wou d’Jugendhaus Bouneweg matgemaach huet. Dobäi geet et drëms fir Pianoe kënschtleresch ëmzegestalten. Déi Pianoe ginn dann op verschidde Plazen an der Stad opgestallt fir Bierger ze encouragéiere fir drop ze spillen. D’Jugendlecher haten d’Iddi fir de Piano a Form vun Animatiounscaractèren ze gestalten.