Mole mat Kräid ass ganz anescht ewei mat Blaistefter, hieren Tastsenn gëtt hei gefuedert, an sie kënnen beobachten wei hiert Wierk entsteet. Doduerch, dass d’Kräid och bësse stëppst, an sech un hieren Hänn Reckstänn bilden, ass et fir sie nach emol eng ganz aaner Art ze molen ewei mat den Blaistefter.
D’Kanner hun sech imens lang beschäftegt mat der Kraid.
Et konnt een verschidden Art a Weisen beobachten wei sie sech beschäftegt hun.
Während deen een eischter op eng Platz gemolt huet, huet en anert Kand mei groussflächeg gemolt. Deen een huet emmer mat der selwechter Faarw gemolt, während en aaneren Farw emmer gewieselt huet.
Duerno, hu sie mam Stëpps vun der Kräid um Buedem gemolt. D’Kanner hu ganz ennerscheedlech Erfahrungen gemaach an waren op hier Art a Weis kreativ.
Sie hun awer all ganz léif mateneen gemolt opwuel et vun der Platz hier zimlech begrenzt war.