A+
A
A-

Escher Kannervilla – Mir baken een Appelkuch

28-10-2024

De Moien si mir den Escher Maart besiche gaangen. Mir wollten een Appelkuch baken an hun dofir frësch Äppel gebraucht. Et ass eis wichteg,dass eis Kanner och de Maart kenneléieren an gesinn,dass een do frësch Uebst a Geméis ze kaafen kritt. An net nëmmen an engem Supermarché. Also hu mir entscheet mat hinnen zesummen eis Äppel dohi kafen ze goen. Wou mir do ukomm

sin,hu mir eis puer Zorte vun Uebst a Geméis ugekuckt an se och benannt. Dunn hu mir festgestallt,dass do ganz vill Äppel sinn an dass mir déi fir eise Kuch brauchen. Nodeems mer eist Uebst kaaf hun, sie mer zeréck an d’Crèche gaang fir eise leckeren Kuch ze baaken.

Baken mescht de Kanner ganz vill Spass.. Nodems mir op den Escher Maart waren an do eis Äppel kaf hunn. Hu mir Kanner an 2 Gruppen opgedeelt. Di eng hu mat engem éducateur Äppel geschielt a klèng geschniden. Di aner hu mat engem aneren éducateur zesummen den Deesch fierbereet. Mir sin eis Zoudoten duechgang,hunn zesummen gekuckt wat een alles fir een Appelkuch brauch. Dunn hu mir een nom aneren alles an eis Schossel aginn an hunn alles sesumme gemescht. Wou all Kand bis drun war,an alles gutt gemescht war. Dunn hun mir di kleng geschnidden Äppel beigefügt an alles rem zesummen vermescht. Den fäerdeschen Deesch hu mir an eng Bakform ausgeschott an hunn en an da Kichen bei eisem Kach fir ze baken bruecht.