A+
A
A-

Escher Kannervilla – Mer entdecken de Schaum

19-11-2024

Mer hun an der Buedbidden mat Seef fir Kanner Schaum gema, deen mer dono an eng kleng Biidchen emgefellt hun. Am Buedzemmer um Buedem hun mer Handdicher ausgeluet, an dorop dann d´Biidchen plazeiert.

D´Kanner hun mer dann an Buedzemmer geholl an sie den Schaum entdecken gelooss. Mat dëser klenger Aktiviteit wellen mer de Kanner hier Entdeckerfreed ureegen, hier Senner (Tastsenn ,Gerochssenn an och den Sehsenn) ureegen.

Wei de Schaum sech unfillt, wei riicht en, vuque dat d´Seef en Geroch huet, wei gesait en aus, wat kann een domat man, dest kennen sie an hierem Rythmus entdecken.

D´Sprooch gett dobai och gefuedert well en neien Vokabular un d´Kanner erun bruecht gett.

Bei deser Aktiviteit waren mer ganz iwerrascht, dat keen Kand wirklech sech getraut huet, den Schaum unzepaacken. Sie sin wirklech alleguer fort gekrabbelt, an wann een sech getraut hat, an d´Biidchen ze graifen, gouf d´Minn verzun an sie wollten guer net weider kuken oder domat spillen.

D´Konsistenz huet den Kanner ganz offensichtlech net gefall, dest konnten mer un hieren Reaktiounen gesin.

Mer hun d´Kanner dun an den Sall spillen goen gelos, an mer hun d´Biidchen einfach am Grupp teschend Spillsachen plazeiert, an mer hun Bäll an d´Biidchen an den Schaum gehait. Bäll kennen se an sie spillen ganz vill domat.

Dest huet sie dun dozou animeiert an den Schaum ze graifen, well sie un hier Bäll wollten kommen.

Dest huet dunn dozou gefouert dat sie sech mam Schaum ausernaner gesat hun, an schlussendlech sech mei wuel gefillt hun an net mei nemen op den Schaum mee eischter op Bäll konzentreiert hun.

Wat flott war ass dat een Ball Lächer huet an den hhat sech mat Schaum gefellt, dest huet en Kand dozou animeiert ze probeiren den Schaum eraus ze kreien.

Mer widerhuelen zaitno des Aktiviteiet an waerten eis erem Spillsachen zur Animatioun mat dobai huelen an eventuell och Liewensmëttelfaarw an de Schaum maachen, domat d’Kanner nach Faarwen dobai entdecken kënnen, an eventuell och mei zum hanteiren mam Schaum animeiert gin.

Och kennen mer probeiren Waasser an der Biddchen ze losen mam Schaum, an sie fillen sech dann vlait mei wuel domat , well Waasser dat kennen se alleguer.