A+
A
A-

Maisons des Jeunes Leudelange et Bonnevoie – soirée loup garou

10-08-2020

Nodeems op eisem “Adventure-Trip” zu Veianen eng grouss Begeeschterung ronderëm Gesellschafts-Rollespill „Loup Garou“ entstanen ass, hu mir decidéiert a Kollaboratioun mam Jugendhaus Leideleng eng méi grouss an och fir jiddereen oppen „soirée“ zu dësem Zweck ze organiséieren. Op dësem Owend goufen op eng spilleresch Aart-a Weis nei Kontakter geknëppt, et huet een sech besser kennegeléiert an och emol a ganz anere Rolle begéint wei dat soss am Jugendhaus-Alldag esou de Fall ass. Alles an allem ee ganz beweegten a spannenden Owend wou vun allem eppes dobäi war, virun allem eng grouss Portioun Freed an Zesummenhalt.