A+
A
A-

Maisons des Jeunes Leudelange et Bonnevoie – Adventure Trip Vianden

04-08-2020

D’Jugendhaiser Leideleng a Bouneweg ware mat eng Grupp Jonker op engem Aventure Trip zu Veianen. Do goufe vun den Erzéier ganz vill flott Aktivitéiten proposéiert, ënner anerem an de Beräicher Teambuilding an Erliefnespedagogik mam Ziel si an hiren sozialen an emotionalen Fäegkeeten ze stäerken . Et gouf och ee City Geocaching organiséiert fir e bëssen d’Geschicht vu Veianen kennen ze léieren. De Retour vu de Jonker war immens positiv an si kennen et kaum erwaarden geschwënn dee nächsten gemeinsamen Trip ze starten .