Och dëst Joer huet Inter-Actions erem um Cortège vum Nationalfeierdag deelgeholl. Zesumme mat ronn 80 Kanner a Jugendlechen aus eise Jugendhaiser an Maison Relais hu mir dëse besonneschen Dag am Häerz vun der Stad gefeiert.
D’Participatioun vun de Kanner a Jugendleche stoung dobäi am Mëttelpunkt. De Nationalfeierdag ass eng flott Geleeënheet, fir datt si sech kënne weisen, hir Präsenz am ëffentleche Raum markéieren an aktiv um gesellschaftleche Liewen deelhuelen. Et geet drëm, Jonken eng Stëmm ze ginn an hinnen d’Méiglechkeet ze bidden, sech als wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft ze erliewen.
E besonneschen Highlight war den Optrëtt vun de Kanner a Jugendlechen aus den Djembe-Atelieren, déi virun der groussherzoglecher Famill opgetruede sinn. Mat vill Begeeschterung a Rhythmus hu si hiert Kënnen presentéiert an domat gewisen, wat duerch Engagement an Teamgeescht méiglech ass.
Fir Inter-Actions sinn d’Partizipatioun an den aktive Bäitrag vun de Kanner a Jugendlechen zum gesellschaftleche Liewen e wichtege Bestanddeel vun der alldeeglecher Aarbecht. Mir schafen Raim, an deene si hir Talenter entdecke kënnen, hir Meenung ausdrécken an aktiv un der Gestaltung vum Zesummeliewe matwierken. Esou Momenter weisen, wéi wäertvoll et ass, Jonken d’Méiglechkeet ze ginn, sech ze engagéieren an sech ze entwéckelen.
An Video vun RTL komme verschidde Kanner a Jugendlecher selwer zu Wuert a erzielen, wéi si dësen Dag erlieft hunn.
RTL Play – Fakelzuch um Virowend vun Nationalfeierdag
Environ 80 enfants et jeunes célèbrent ensemble la Fête nationale
Cette année encore, Inter-Actions a participé au cortège de la Fête nationale. Aux côtés d’environ 80 enfants et jeunes issus de nos maisons de jeunes et de nos Maisons Relais, nous avons célébré cette journée particulière au cœur de la ville.
La participation des enfants et des jeunes était au centre de cette initiative. La Fête nationale constitue une belle occasion pour eux de se rendre visibles, de marquer leur présence dans l’espace public et de participer activement à la vie de la société. L’objectif est de donner une voix aux jeunes et de leur permettre de se sentir pleinement acteurs et membres à part entière de notre société.
L’un des moments forts de la journée a été la prestation des enfants et des jeunes participant aux ateliers de djembé, qui se sont produits devant la famille grand-ducale. Avec beaucoup d’enthousiasme et de sens du rythme, ils ont présenté leur talent, démontrant tout ce qu’il est possible d’accomplir grâce à l’engagement, à l’esprit d’équipe et à une préparation collective.
Pour Inter-Actions, la participation et le fait d’être un acteur actif de la société constituent un élément essentiel du travail quotidien. Nous créons des espaces où les enfants et les jeunes peuvent découvrir leurs talents, exprimer leurs opinions et contribuer activement à la construction du vivre-ensemble. Des moments comme celui-ci montrent combien il est précieux d’offrir aux jeunes la possibilité de s’engager et de s’épanouir.
Dans la vidéo du RTL, plusieurs enfants et jeunes prennent eux-mêmes la parole et racontent comment ils ont vécu cette journée.