A+
A
A-

Maisons des Jeunes Inter-Actions – On Stéitsch Festival

19-09-2020

De Festival “On Stéitsch” huet dëse Weekend an de Rotonden zu Bouneweg stattfonnt. Déi 13t Editioun war och erëm dëst Joer en groussen Erfolleg : niewent schéinem Wieder an flotten Acts, konnt den Festival och mat super Stemmung bei den Visiteuren punkten.

Tëschent Musek, Danz a kreative Performance, konnten déi Jonk sech ob enger grousse Bühn ënner Beweis stellen. De Festival, de vum “Service national de la Jeunesse” all Jores erëm organiséiert gëtt, setzt sech als Ziel Jonk Artisten a Kënschtler zu ënnerstëtzen.

D’Jugendhaiser vun Inter-Actions waren och am Festival mat dobäi. Um Stand, konnt de Publik net nëmmen all néideg Informatiounen zu de Jugendhaiser sammelen, mee och bei Spiller an Aktivitéiten iwwert de ganzen Dag matmaachen.

De Festival “On Stéitsch” war also och dëst Joer en Succès fir Kléng a Grouss.