A+
A
A-

Ensemble Mersch – Chrëschtmaart

28-11-2021

Chrëschtmaart

Dëse Weekend, den 27. an 28. November 2021 war « Ensemble Mersch » um Mierscher Chrëschtmaart. Dëst Joer war niewent de Maison relaisen (Krounebierg, Nic Welter, Butzenhaus) an der Garderie Klengt Butzenhaus och vir d’éischt Kéier den Travail Social Communautaire vu Miersch mat dobäi. Et si Kichelcher, Gebeess an Dekoratiounsartikelen verkaf ginn. Niewebei haten d’Leit d’Méiglegkeet eise Chrëschtbeemchen mat ze dekoréieren andeems sie hiere Wonsch op en Ziedel geschriwwen hunn, deen an eng Bull gemaach hunn an déi dann op de Chrëschtbeemchen virum Chalet opgehaangen hunn. D’Zil vun där Aktioun war et d’Leit vum Quartier mat anzebezéien an op den Service Travail Social Communautaire opmierksam ze maachen. Hier Wënsch kënnen mir dann bei spéideren Projeten mat abannen.