A+
A
A-

Maison relais Krounebierg – Ausfluch op de Stauséi

12-06-2020

Ausfluch Stauséi

Wärend der Covid-Zäit hunn mir eis geduecht, dat mir eis di Fräiheet kéinten huelen, fir mat engem Grupp vun Kanner op den Stauséi ze fueren. D’Iddi dohannert war en privilegéierten Moment ze schafen wou en aus dem Alldag erauskënnt, dat huet erméiglecht, dat mir eng Vertrauensbasis am kléngen Grupp opbauen kënnen. Verschiddener vun hinnen waren nach ni do an hunn domadder dat Land an deem se wunnen nei kennegeléiert. Mir sinn zesummen bei guddem Wieder iwwert d’Staumauer gefuer, hunn eis di flott Landschaft ugekuckt an sinn dunn een Tour spadséieren gaangen.