Den 27.01.18 hunn mir an der Hal Irbicht zu Biereng mat eisen Elteren een flott Wanterfest gefeiert mam Thema » Mon pays d’origine ».
D’Elteren hunn een Haaptplat oder een Dessert matbruecht aus hirem Heemechtsland. Mir aus dem Butzenhaus hunn eis em d’Entréeën bekemmert an hun Kniddelen ugebueden.
Sou ass een faarwegen, flotten Buffet entstane wou jiddereen nei Saachen konnt schmaachen.
D’Kanner aus der Maison relais an aus der Garderie hunn gesongen an dat op verschidden Sproochen.
Et gouf eng Tombola an een Face-Painting-Atelier.
Mir hunn all zesummen een gemitterlech Samschden verbruecht.