A+
A
A-

Maison des jeunes In Move – Eat the Rainbow

01-04-2017

 

De Samschden  hu mir mat Hëllef vun engem richtege Kach geléiert wéi ee Ravioli op der Hand mécht. Mir hunn awer keng sténknormal Ravioli gemaach; eis Ravioli ware nämlech bausse pink a bannen orange. D’Mëschung aus Roude Rommelen a Kürbis mat enger Basilikum-Ram-Zooss huet eis super geschmaacht a mir hate vill Freed esou en aussergewéinlecht Rezept ze realiséieren an dobäi souguer vum gudde Wieder ze profitéieren.

 

IMG_3803 IMG_3822