A+
A
A-

Maison des Jeunes Mersch – Zesumme schwätzen, zesummen entscheeden!

13-08-2026

Eis ass et wichteg, dass déi Jonk net nëmmen dobäi sinn, mee och matbestëmmen a matgestalte kënnen. Eis Reegelen sinn dofir zesumme mat de Jugendlechen iwwerschafft ginn. An engem gemeinsamen Austausch hu mir déi verschidde Reegelen diskutéiert, Meenungen ausgetosch a gekuckt, wat de Jonken am Alldag vum Jugendhaus wichteg ass.

Am Mëttelpunkt stinn dobäi Respekt, Verantwortung, Privatsphär an eng gutt Stëmmung am Jugendhaus.

Ee Jugendhaus ass net nëmmen eng Plaz fir déi Jonk, mee virun allem eng Plaz mat de Jonken.🤝