Vum 23. bis den 30. Mee waren 9 motivéiert Jonker zesummen op Kreta ënnerwee. Dës Rees war d’Resultat vun engem ganze Joer, an deem si zesumme geschafft hunn, Pläng entwéckelt hunn, organiséiert hunn a sech ëmmer erëm géigesäiteg motivéiert hunn. Mat vill Asaz a Gedold hunn si Schrëtt fir Schrëtt un hirem gemeinsame Projet geschafft.
Mat vill Stolz konnten si schliisslech de Fliger huelen an eng Woch laang déi verdéngten Zäit zesumme genéissen. Op Kreta stoung net nëmmen d’Entspanung um Programm: si hunn och verschidde Plazen entdeckt an e bësse méi iwwert d’griichesch Kultur geléiert. Natierlech gouf et och Momenter fir einfach ze relaxen, sief et op der Plage oder beim Schwammen am Mier.
Eng Erfarung, déi weist, wat entsteet, wann een iwwer laang Zäit zesumme schafft, plangt a Verantwortung deelt.