D’Jugendlecher schaffen zënter e puer Méint mat vill Engagement un hirem Projet fir hir Rees a Griicheland. Zesumme plangen si Aktivitéiten, preparéieren Aktiounen, fir Schrëtt fir Schrëtt hire Projet virun ze bréngen.
Am Dezember waren si besonnesch aktiv an der Chrëschtdagszäit. Si hu beim traditionelle Chrëschtmaart zu Miersch matgemaach an dräi Deeg am Topaze Kaddoe verpaakt a selwer gemaachte Produite verkaaft, wéi zum Beispill eisen bekannte schaarfen Ueleg oder de Chrëschtdags-Müsli. Si hunn och ënnert anerem beim Pot du Président mat ugepaak.
Am Februar hat de Grupp e klenge Stand an der Belle Étoile, wou si erëm mat vill Engagement selwer gemaachte Produite verkaf hunn. An de kommende Wochen si si och um Festival des Migrations dobäi. Donieft hunn si eng Tombola organiséiert, plangen e Carwash am Abrëll a sinn de 4. Abrëll um Bierenger Maart, wou si faarweg Ouschtereeër a Kichelcher verkafen.
Am Numm vun eise Jonke bedanke mir eis häerzlech bei jidderengem, deen eis bis haut, an och weiderhin, ënnerstëtzt. Ouni iech wier dat ganzt net méiglech. Zesumme kritt een einfach méi beweegt, an all kleng Ënnerstëtzung hëlleft eisem Projet e Stéck méi no un d’Zil.
P.S.:Fir kee vun eisen Eventer ze verpassen, kënnt dir eis gären op de soziale Medien followen 🙂