Den 10.07 huet d’Jugendhaus eng Versammlung organiséiert, fir zesumme mat de Jonken Iddien a Wënsch fir d’Aktivitéite fir d’Schouljoer 2026/2027 ze sammelen. Déi Jonk konnten hir Virschléi abréngen, sech austauschen an iwwer déi verschidde Méiglechkeete diskutéieren. Op Flipcharts, huet jidderee seng Virschléi op Post-its festgehalen an opgepecht. Dobäi ass och vill geschwat an diskutéiert ginn, sou datt déi Jonk hir Iddien austausche konnten an och d’Meenunge vun aneren héieren hunn.
D’Flipcharts bleiwen nach eng Woch am Jugendhaus hänken, esou datt och déi, déi net bei der Reunioun dobäi waren, hir Iddien nach kënne bäidroen. All Jonken soll d’Geleeënheet kréien, aktiv un der Gestaltung vum Jugendhaus deelzehuelen an ze erliewen, datt hir Meenung wichteg ass.