Den 2. Oktober 2026 hunn Jugendlecher aus dem Mierscher Jugendhaus un engem interaktive Workshop zum Thema Rassismus deelgeholl. De Workshop gouf am Kader vum Projet Resilience Lab organiséiert, deen zu Lëtzebuerg vum Centre for Education and Dialogue (CED Lux) ëmgesat a vun der Fondation André Losch ënnerstëtzt gëtt.
Am Mëttelpunkt vum Workshop stoungen d’Theeme Rassismus, Diskriminéierung an hir Auswierkungen op déi betraffe Persounen. Zesumme konnten d’Jugendlech sech domat auserneesetzen, wéi Virurteeler entstinn, wéi se de Mënschen hiren Alldag beaflossen a wéi jidderee sech aktiv géint Ausgrenzung asetze kann. Dobäi goufen d’Wäerter wéi Matgefill, géigesäitege Respekt a Solidaritéit besonnesch ervirgehuewen. D’Participante kruten och gewisen, wéi si Betraffener kënnen zur Säit stoen an sech fir Gläichberechtegung staarkmaache kënnen.
De Workshop huet d’Bewosstsinn fir demokratesch Wäerter wéi Diversitéit, Toleranz a Chancëgläichheet gestäerkt. Gläichzäiteg goufen d’Jugendlech dozou encouragéiert, Verantwortung ze iwwerhuelen a sech aktiv fir eng oppen, respektvoll an diskriminéierungsfräi Gesellschaft anzesetzen.