A+
A
A-

Maisons des Jeunes Leudelange et Bonnevoie – stands Belle Etoile

23-01-2021

D’Jugendhaiser Leideleng a Bouneweg hate verschidden Deeg am Dezember virum Chrëschtdag zwee Stänn am Shopping Center Belle Etoile. Jugendlecher hunn do de Clienten ugebueden hir Cadeauen ze verpaken a sech sou ee kléngen Deel vun hire Vakanzeprojet ze finanzéieren. Gläichzäiteg war dat fir d’Jugendhaiser eng Geléigenheet de Public vum Shopping Center op hir Aarbecht opmierksam ze maachen.