A+
A
A-

Maison des jeunes In Move – Karting

19-06-2021

Den 19 Juni 2021 ass d’Jugendhaus In Move, zesummen mat 4 Jonker, op Mondercange gefuer, fir Karting ze fueren. Di 3 Jongen an 1 Meedchen aus verschidden Altersgruppen ( 13 – 22 Joer ) a 4 Nationalitéiten hunn ee flotten Metten zesummen verbruecht. Beim Karting konnten si hir motoresch an sportlech Fäegkeeten wärend den Fueren kenneléieren. Des weideren hunn di 4 Jonker sech am Viraus net kannt, an et sinn no der Aktivitéit vill flott Gespréicher entstane, souwuel iwwert d’fueren vum Karting, wei och iwwert déi ënnerschiddlech Liewenslaf vun jidderengem.