A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Um Chrëschtmaart fir eng gutt Aktioun

28-11-2019

Am Kader vun engem Projet huet d‘Jugendhaus Gaasperech zesummen mat den Jugendlecher eng Partie Aktiounen gestart, fir d’Fondatioun vum Dr Mukwege, déi sech fir Fraen, déi Affer vun Gewalt sinn, asetz. Den Projet krut den Haut Patronage vun der Altesse Royale la Grande-Duchesse Maria Teresa.

Fir d’Fondatioun ze ënnerstëtzen sinn déi Jonk vum 3 bis den 6ten Dezember um Chrëschtmaart an der Stad beim Roude Pëtz. Verkaf ginn selwer gemaachten Käerzen, Seefen oder och Iwwerraschungs-Tasen mat Schneekegkeeten. Och fir ze drénken ass mat Kanner-Glühwäin an waarmen Schocki gesuergt.

Mir géifen eis iwwer all Ënnerstëtzung freeën an hoffen iech um Chrëschtmaart kennen ze begréissen.