A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Open Air Cinéma

23-07-2021

Am Kader vun der Quartiers-Aarbecht huet d’Jugendhaus Gaasperech en Open Air Cinéma organiséiert.

Souwuel d’Jugendlecher, ewéi och d’Läit aus dem Quartier konnten bei enger gudder Ambiance en Blockbuster ob enger grousser Leinwand kucken. De Film „Le Prince oublié“ mam Schauspiller Omar Sy ass beim Publik gutt ukomm an huet eng 40 Visiteuren ugezunn.

Am Grousse an Ganzen war et also en gelongen Owend ob dee mir eis och erëm nächst Joer freeën.