A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – My superpower is…digital

21-04-2020

Fir den Jonken aus dem Jugendhaus trotz der aktueller Situatioun trotzdeem eng Ënnerstëtzung bei den Hausaufgaben ze erméiglechen, huet d’Equipe vum Jugendhaus Gaasperech, den Jonken d’Méiglechkeet ginn d’Aktioun vun my superpower is… weiderzeféieren.

Zanter puer Méint huet d’Jugendhaus den Projet my superpower is… lafen : eng Hausaufgaben-Hëllef, beideenen déi Jonk sech géigesäiteg ënnerstëtzen kennen mat Hëllef vun hirer “Superkraaft” an der Mathe, am Franséischen, etc.

Aktuell, hëllefen déi Jonk sech, mat der Ënnerstëtzung vun der Gaasperecher-Equipe, via Videokonferenzen mat hiren Hausaufgaben, no Besoin 3 bis 4 Mol d’Woch.