A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Krav-Maga Online-Training

15-04-2020

Obwuel d’Jugendhaus momentan seng Dieren zou huet, hunn déi Jonk aus dem Jugendhaus Gaasperech trotzdeem weiderhin d’Méiglechkeet, hiren Krav-Maga Training weider ze maachen.
Iwwert d’App “Houseparty” treffen sech déi Jonk zwee Mol an der Woch, fir zesummen ze trainéieren an trotz der Quarantaine weider fit ze bleiwen. Hai, en kléngen Androck vum Warm-Up & Stretching Training.