A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Jugend-Dialog am Escher Jugendhaus

28-02-2022

Am Kader vun engem Jugend-Dialog, organiséiert vun der Représentation de la Commission européenne Luxembourg am Escher Jugendhaus, konnten eis Jonk en oppenen Dialog mam Vice-President vun der Europäescher Kommissioun, Margaritis Schinas, feieren. Themaen vun der Debat waren villfälteg : Inclusioun an Europa oder och den Ukrain-Konflikt waren dobäi wichteg Themen.

Déi Jonk haten d’Chance sech auszedrécken, Froen ze stellen, mee och hier Meenungen ze äusseren. Den Vice-President huet dobäi betount, wéi wichteg et ass d’Engagement vun den Jonken ze ënnerstëtzen an ze fuerderen, zemools fir déi europäesch Valeuren weiderzevermëttelen.

Eis Jonker aus dem Jugendhaus hunn den Dialog net nëmmen interessant fonnt, mee sinn ëmsou motivéiert sech och zukünfteg fir verschidden Projet’en an Aktiounen ëm Thema Europa anzesetzen.