A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Journée de l’Europe zu Bréissel, 16 Januar 2020

07-11-2019

An den leschten Méint hunn mir als Jugendhaus Gaasperech mat enger Partie vun eisen Jonker en Projet ronderëm Themen Citoyennetéit, Europa an Kultur gestart: „Europe Between The Lines“ hat en groussen Succès, net nëmmen bei den Jugendlecher, mee och beim Public.

Nodeems d’Expositioun „Europe Between The Lines” an der Maison de l’Europe ausgestallt gouf, wéi och am Tramsschapp an am Trifolion, gëtt d’Expositioun elo och an der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel ausgestallt.

D‘Madamm Yuriko Backes, chef de la représentation de la commission européenne au Luxembourg, stellt eis dofir zwee Busser zur Verfügung fir ob Bréissel mat Jugendlecher. Den Dag, ass net nëmmen den Vernissage vum Projet geplangt, mee och eng Visitt vum Parlament mat engem Europa-Deputéierten, esou wéi och eng Visitt vu Bréissel selwer.

Eis Jugendlecher freeën sech ob dësen Dag an och mir sinn Houfreg, dat d’Expo et bis iwwer d’Grenz packt.

 

Journée de l’Europe