A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – Interview mat den Gaasperecher Commerçanten

09-02-2021

Duerch di aktuell Situatioun hunn mir d’Dieren temporär missen fir di Jonk zouhalen. Fir den Lien mat den Jonken weiderhin oprecht ze halen, proposéiert d’Jugendhaus vun Gaasperech nieft den virtuellen Aktivitéiten, allerdéngs weiderhin Aktivitéiten dobaussen.

Am Kader vun der Quartiers-Aarbecht hunn di Jonk dofir Froen iwwer di aktuell Corona-Pandemie virbereet an se enger Réi Commerçanten vun Gaasperech gestallt. Di Jonk waren dobäi mat Mikro an Kamera equipéiert.

Interviewen hunn een flotten Echangen tëschent den Jonk an den verschidden Commerçanten vu Gaasperech erméiglecht. Obwuel dat den Jonk vill Iwwerwannung kascht huet, waren si schlussendlech Houfereg ob hiren Courage an Freeën sech scho, den fäerdegen Video ze publizéieren