A+
A
A-

Maison des Jeunes Gasperich – En kulturellen Ausflug ob Paräis

31-08-2021

D’Jugendhaus Gaasperech ass mat hiren Jonken den éischten Weekend vu September en verlängerten Weekend ob Paräis gereest. Haaptsächlech beaflosst duerch d’Corona Pandemie, haten di Jonk sech aus dem Jugendhaus eng Rees gewënscht : si wollten an d’Ausland reesen, Neies gesinn an entdecken.

Dorops hin huet d’Equipe dunn mat den Jonken zesummen gekuckt, wou d’Rees sollt higoen. Dobäi konnten sech déi Jonk ob Paräis eenegen. Och, hunn déi Jonk sech iwwerluecht duerch wei eng Aktiounen si hier Rees finanzéieren kéinten.

Wärend 3 Méint huet de Grupp vun den Jonken sech dunn zesummen gesat, Cookien an Seefen selwer gemaach, fir déi an der Stad ze verkafen. Duerch di verschidden Aktiounen konnten di Jonk 1200 Euro sammelen an doduerch en groussen Deel vun hirer Rees finanzéieren.

Mam TGV zu Paräis ukomm, konnten di Jonk d’Stad mam Segway entdecken, den Louvre besichen, mat engem Boot iwwer d’Seine fueren an natierlech bis erop ob d’Spëtzt vum Eiffeltuerm.

Doduerch dat eng aktiv Participatioun vun den Jonken gefrot gouf, waren des vun Ufank un bis zum Schluss am Organisatiouns Prozess bedeelegt.

Di Jonk sinn motivéiert fir hier nächst Rees zu plangen.